Spréchwieder Flashcards
Wo den Jung susch, wi et jung, du jung den Jung
Wämper
Erklärung:
Wéi den Jong wosst, wéi et geet, dunn ass hee erëm gaangen.
( éischter Sproch, wéi Spréchwuert)
Yves
Hie geet gär mat de groussen Honn pissen
Erklärung:
Hie lieft gär ewéi déi dichteg Leit.
Tina
Hien huet e Liewen ewéi en Hond ouni Fléi
Erklärung:
Hien huet keng Suergen am Liewen.
Tina
Maachen net aus engem Fuurz en Donnerwieder.
Erklärung:
Iwwerdreif net!
Eulalie
Wie frech ass ewéi en Hond der lieft ewéi en Här
Erklärung:
Déi frech Leit kréien ëmmer alles, wat se wëllen.
Tina
Et ass ee mat sengem Latäin um Enn
Erklärung:
Et wees een net méi weider
Lynn
Schéck en Dabo an de Bësch, da kriss de en Eefalt erëm
Erklärung:
Et kann ee keen Mesch änneren
Léa
Den Appetit kënnt iwwert dem Iessen
Erklärung:
Dat bedeit datt een heiansdo réicht d‘ Loscht iwwert dem Maachen vun eppes kritt
Louis
Du kanns net Äppel a Bire vergläichen
Erklärung:
Zwou Saache matenee vergläichen, déi näischt mateneen ze dinn hunn, dat geet net.
Lynn
Houert Miel, dëtt houre Paangech
Erklärung:
Wei de Papp, esou de Jong (negativ gemengt)
Poli
Nummeréier elo deng Schanken.
Erklärung:
Du kriss geschwë Streech, maach dech alt
Poli
Du hues matt den Nueslächer gekuckt.
Erklärung:
Du has d‘Aen nët op, soss häss de dat gesinn.
Poli
Et soll een net vun der Hand an de Mond liewen.
Erklärung:
Näischt op d‘ Säit leëen,( all Su ausginn)
Ass net gescheit
Lynn
D‘ Geld regéiert d‘ Welt
Erklärung:
Et sinn déi mat den Suen, déi eppes ze soen hunn.
Lauro
Een Af mécht der honnert.
Erklärung:
Wann ee Blödsinn mécht, maachen der gäre vill et no
Sarah
Wéi een an de Bësch rifft, esou schallt et erëm.
Erklärung:
Du solls näischt mat anere maachen, wouvuns de net och wëlls, dat een dat mat dir mëscht.
Lauro
Dei Wëll lafen am Bësch.
Erklärung:
Et kann een net alles kréien, wat ee well
Loïc
Et soll een de Däiwel net un d‘ Mauer molen
Erklärung:
Et soll een net alles direkt schlecht gesinn. Net dat Schlëmmsten denken.
Emma
Déi dommst Baueren hunn déi déckst Gromperen.
Erklärung:
Et muss een net schlau sinn, fir eppes ze erreechen.
Jo
Da gëtt et Mokes ok den Dokes
Erklärung:
Da kritt een eng op seng 4 Buschtawen
Léa
Jidderee lueft seng Kanner ewéi de Bauer seng Ranner
Erklärung:
Eltere loossen keen eppes géint hier Kanner soen.
Léa
Wat een net am Kapp huet, muss een an de Been hunn
Erklärung:
Wann een eppes vergiess huet, muss een et zeréck suche goen
Sarah
Kee kann engem Plakegen an d‘ Täsch gräifen.
Erklärung:
Wann een näischt huet, kann engem och näischt geklaut ginn
Jo
Vum Falen léieren d‘Kanner goen
Erklärung:
Dat bedeit datt een aus sengen Feeler léiert
Louis